WC19 – Départ Génua

This post is part of a series called Worldcruise 2019
Show More Posts

05.01.2019

So here we go….

Esou wie et ausgesäit wäerten mir Lëtzebuerg ob dëser Weltrees gutt vertrieden. Ob engem kuerzen Vol bis ob Mailand an enger Busfaart ob Genua haten mir d’Geleeënheet déi aner 34 Lëtzebuerger kennen ze leieren déi mat eis zesummen dës Aventure uginn. –

Nodeems mir um Schëff ukomm sinn, ageschéckt an eis Kabinn fonnt hunn goung et dunn un d’auspaken. Et kritt een wierklech vill an en klengen Schaaf wann een richteg tässelt. Géint 8 Auer ass et dunn endlech lass gaangen an mir sinn mat dem Andrea Bocelli sengem “Time to say Goodbye” ausgelaf. Gänsehaut puer.  😉

Comments (2)

  • Myriam 09/01/2019 at 21:01 Reply

    Et ass espu flott wis du dat mess Dany 🤩

    • admin 10/01/2019 at 14:06 Reply

      Merci 😘

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *