- WC19 – Suez Canal – Egypte
- WC19 – Aqaba – Jordan
- WC19 – Muscat – Oman
- WC19 – Khasab – Oman🐬
- WC19 – Abu Dhabi – UAE
- WC19 – Dubai – United Arabe Emirates (UAE)
- WC19 – Male – Maldives 🏖
- WC19 – Columbo – Sri Lanka
- WC19 – Alldag un Bord 🚢
- WC19 – Port Klang – Malaysia
- WC19 – Singapore
- WC19 – Fremantle + Perth – Australia
- WC19 – Melbourne – Australia
- WC19 – Sydney – Australia
- WC19 – Auckland – New Zealand
- WC19 – Bay of Islands – New Zealand
- WC19 – Lautoka ⛱ – Fiji
- WC19 – Suva – Fiji
- WC19 – Nuku’alofa – Tonga
- WC19 – Apia – Samoa
- WC19 – Datumsgrenz 🕐 oder wou ass dann den 3 Mäerz bliwwen ?
- WC19 – Pago Pago – American Samoa
- WC19 – Bora-Bora 🦈
- WC19 – Moorea 🐠🐚
- WC19 – Papeete – Tahiti
- WC19 – Los Angeles – USA
- WC19 – San Diego – USA
- WC19 – Cabo San Lucas-Mexico🐳🐳
- WC19 – Puerto Vallarta – Mexico
- WC19 – Puerto Quetzal / Guatemala
- WC19 – Corinto /Nicaragua
- WC19 -Puntarenas / Costa Rica💗
- WC19 – Panamakanal – Panama
- WC19 – Cartagena – Columbia
- WC19 – Santa Marta – Columbia
- WC19 – Oranjestad – Aruba
- WC19 – Willemstad – Curaçao
- WC19 – Old San Juan 💕 – Puerto Rico
- WC19 – Charlotte-Amélie – Saint Thomas
- WC19 – Philipsburg – Sint Maarten
- WC19 – Iwert den Atlantik an 5 Deeg
- WC19 – Funchal
- WC19 – Malaga
- WC19 – Barcelona
- WC19 – Marseille
- WC19 – Départ Génua
01 + 02.04.2019 30°C ☂🌂 +⛅
Ob eisem Wee fir ob Singapore fueren mer duerch d’Sunda Street tëschen den Inselen Java an Sumatra. Do leit och den Anak Krakatoa ,en aktiven Vulkan deen am Dezember 2018 fir d’lëscht ausgebrach ass an en Tsunami ausgeléist huet ob der Insel Java mat 222 Doudeger an 800 Verletzter. Am Joer 1883 war et hei een vun den schlëmmsten Vulkanausbrech iwwerhaapt mat 300.000 Affer.
Singapore ass en Inselstaat an besteet aus enger Haaptinsel mat 63 Inselen ronderëm. Et ass eng parlamentaresch Republik mat engem President.
Singapore ass 1819 vum Sir Stamford Raffles als englesch Kolonie gegrënnt ginn. 1963 huet et seng Onofhängegkeet vun England kritt an sech Malaysien ugeschloss. Am Joer 1965 huet et sech och vun Malaysien getrennt an ass onofhängeg ginn. Zanter hier huet et sech bannen enger Generatioun vun engem Drëttweltland zu enger vun den stäerksten Ekonomien entwéckelt. Et ass haut eng Megacity mat grousser Liewensqualitéit , vill Gréngflächen, geschütztem Patrimoine an ganz strengen Reegelen.
Et däerf net gedronk, giess oder geknätscht ginn ob der Strooss, owes däerf een net zu méi ewéi 4 an enger Grupp vun Leit sinn an och soss ass d’Stad voller Verbuet an Gebotsschëld- ma et ass eng immens propper an sécher Stad. Si nennen sech selwer a “fine city” well fir alles eng Geldstrof (Fine) besteet. Ob Drogebesëtz an Handel steet d’Doudesstrof.
D’Populatioun ass en mix aus Malais’en, Chinesen, Inder an ganz multikulti. Sämtlech Reliounen sinn vertrueden .
Chinatown
Buddha Tooth relic temple – Chineseschen Tempel
An Little India kennt een sech fir ewéi an Indien- just vill méi propper an vill manner Leit an Kéi an den Stroossen.
Sri Veeramakaliamman Tempel deen der Göttin Kali gewidmet ass (Hinduisteschen Tempel)
Fir 5,6 Milliounen Awunner ass den Verkéier zu Singapore zimlech iwwersichtlech. Et ginn Lizenzen versteet fir 10 Joer dierfen an der Stad ze fueren an en Auto ze hunn. Den Präis läit tëschen 7.000 an 18.000 EUR. Esou ass d’Zuel vun Autoen an den Verkéier streng reglementéiert.
Mir ginn och den Orchideengaart am Botaneschen Gaart besichen, well d’Orchidee Vanda Miss Joaquim ass d’Nationalblumm vun Singapore.
Den “modernen” Deel vum Singapore ass gespléckt mat Héichhaiser , Akafsgalerien an allen Formen an Strukturen.
Dertëschent fënnt een ëmmer erëm al Bausubstanz – an awer och ganz fill Skulpturen déi d’Stad oplackeren. All neien Projet huet automatesch och d’Obligat fir Konscht an Skulpturen direkt mat zeplangen.
Mir ginn ganz vill ze Fouss an just fir wäit Strecken huelen mer den Metro…et ass net ëmmer einfach fir sech ze orientéieren.😜
Den alen administrativen Quartier vun Singapore füügt sech an déi nei Architektur an déi al viktorianesch Bauten sinn all erhalen an ginn als Musée oder Kulturhaiser genotzt.
Laanscht den Singapore River fënnt een nach schéin al Kolonialhaiser. Um Boat Quai wimmelt et vun Restauranten an Bar’en .
Vum Clark Quai maachen mer eng Singapore River Cruise.
Den Highlight vun Singapore ass natierlech d’ Marina Bay mat dem Marina Bay Sands Hotel an den Gardens by the Bay.
Vum Observation Deck huet een eng fantastesch Vue iwwert d’ganz Singapore.
Gardens by the Bay – Garden Rhapsody sinn grouss Metallen Beem déi mat Steengartplanzen an Hängeplanzen bewuess sinn.
Geint der Owend maachen mer eis dann Ruffles Hotel an d’Long Bar fir en original Singapore Sling ze schmaachen. Dat ass en Cocktail ob Basis vun Gin an Kiischtensherry an Ananasjus an ass hei an den 30’er Joren fir d’éischt gemixt ginn – anscheinend fir den Fra’en och ze erlaben Alkohol ze drénken- an engem Fruuchtjus verstoppt.
Owes genéissen mer dat ganzt dann nach emol mat Son et Lumière.
Am Marina Bay Sands Shoppingcenter:
Fazit: Mir sinn 28 km ze Fouss gaangen an 2 Deeg – hunn ganz vill gesinn, awer nach laang net alles an net genuch… Singapore ass sécher och eng Destinatioun wou een nach méi oft kann kommen fir ëmmer erëm Neies ze entdecken. Et ass eng Stad mat ganz vill Flair an Charakter – sécher och een vun den villen Highlights vun eiser Rees.
Next Etapp: Port Klang/Malaysien
Distanz : Singapore – Port Klang – 196 Séimeilen