• Worldcruise 2019
  • America
  • Oceanie
  • Asia
  • Polynesia
  • Orient
  • Europe
  • Caribic
  • Central-America
  • North-America
  • French Polynesia
  • Australia

Dany's Travelblog

  • Home
  • Worldcruise 2019
    • Worldcruise 2019
  • About

Dany's Travelblog

  • Home
  • Worldcruise 2019
    • Worldcruise 2019
  • About

WC19 – Sydney – Australia

This post is part of a series called Worldcruise 2019
Show More Posts
  • WC19 – Suez Canal – Egypte
  • WC19 – Aqaba – Jordan
  • WC19 – Muscat – Oman
  • WC19 – Khasab – Oman🐬
  • WC19 – Abu Dhabi – UAE
  • WC19 – Dubai – United Arabe Emirates (UAE)
  • WC19 – Male – Maldives 🏖
  • WC19 – Columbo – Sri Lanka
  • WC19 – Alldag un Bord 🚱
  • WC19 – Port Klang – Malaysia
  • WC19 – Singapore
  • WC19 – Fremantle + Perth – Australia
  • WC19 – Melbourne – Australia
  • WC19 – Sydney – Australia
  • WC19 – Auckland – New Zealand
  • WC19 – Bay of Islands – New Zealand
  • WC19 – Lautoka ⛱ – Fiji
  • WC19 – Suva – Fiji
  • WC19 – Nuku’alofa – Tonga
  • WC19 – Apia – Samoa
  • WC19 – Datumsgrenz 🕐 oder wou ass dann den 3 MĂ€erz bliwwen ?
  • WC19 – Pago Pago – American Samoa
  • WC19 – Bora-Bora 🩈
  • WC19 – Moorea 🐠🐚
  • WC19 – Papeete – Tahiti
  • WC19 – Los Angeles – USA
  • WC19 – San Diego – USA
  • WC19 – Cabo San Lucas-Mexico🐳🐳
  • WC19 – Puerto Vallarta – Mexico
  • WC19 – Puerto Quetzal / Guatemala
  • WC19 – Corinto /Nicaragua
  • WC19 -Puntarenas / Costa Rica💗
  • WC19 – Panamakanal – Panama
  • WC19 – Cartagena – Columbia
  • WC19 – Santa Marta – Columbia
  • WC19 – Oranjestad – Aruba
  • WC19 – Willemstad – Curaçao
  • WC19 – Old San Juan 💕 – Puerto Rico
  • WC19 – Charlotte-AmĂ©lie – Saint Thomas
  • WC19 – Philipsburg – Sint Maarten
  • WC19 – Iwert den Atlantik an 5 Deeg
  • WC19 – Funchal
  • WC19 – Malaga
  • WC19 – Barcelona
  • WC19 – Marseille
  • WC19 – DĂ©part GĂ©nua

18-19.03.2019 – 24°C ⛅+🌞

Australien bilt mat Tasmanien an Nei Guinea en Kontinent. Virun 60.000-85.000 Joer hunn sech hei dĂ©i Ă©ischt Urawunner niddergelooss. Bis spĂ©it am 16. Joerhonnert haten Si keen Kontakt mat aneren VĂ«lker an konnten sech ganz onofhĂ€ngeg entwĂ©ckelen. Hier Kultur ass ganz eng mat der Natur verbonnen.

Am Joer 1770 huet den KapitĂ€n Cook an der Bottany Bay geankert dĂ©i sĂŒdlech vun der Bucht vun Sydney leit. DĂ©i britesch Regierung huet dunn beschloss hei en Prisong ze grĂ«nnen an 1788 sinn Ă©ischt SchĂ«ffer mat PrisonĂ©ier ukomm. Se hunn sech an der Bucht vun Sydney niddergelooss an hei eng Kolonie gegrĂ«nnt.

Dorausser ass duerno d’Stad Sydney entstanen. Nach haut huet d’Stad en formidabelen Patrimoine vun viktorianeschen Gebaier dĂ©i ganz gutt erhalen sinn an sech ganz flott an dĂ©i modern Architektur vun der Stad afĂŒgen.

  • Queen Victoria Building
  • Finanzdistrict
  • Martin Place
  • Pitt Street
  • Gallery The Strand

Haut ass den Hafen vun Sydney natierlech dĂ©i Haaptattraktioun mat der Oper an der Harbour Bridge.

  • Sunrise
  • Sunset

Mir kommen Nuets an der Bucht vun Sydney un, wĂ«ll en medezineschen Noutfall un Bord ass deen esou sĂ©ier wei mĂ©iglech muss an eng Klinik. Mir ankeren an der Bucht bis den aneren Dag an ginn mat Tenderbooter an den Hafen bruecht.

D’Oper vun Sydney ass vum dĂ€neschen Architekt JĂžrn Utzon an gouf tĂ«schen 1958 an 1973 gebaut. Seng baussen Haut besteet aus PlĂ€ttercher (glasĂ©ierter an onglasĂ©ierter an verschidden Farwten) dĂ©i dat typescht GrĂ€tenmuster ausmaachen. Den groussen Konzertsall huet Platz fir 2600 Leit an ass impressionnant. Den Opersall selwer huet 1547 Platzen an deelt sech den Sall mam Ballet.

D’Harbour Bridge gouf tĂ«schen 1923 an 1932 gebaut an war vun Ufank un een Wouerzeechen vun der Stad. Se ass den 19 MĂ€erz 1932 ageweit ginn- an fir hiren 87 Gebuertsdag klammen mir dann erop ob den Haaptbou fir dĂ©i super Vue ze genĂ©issen.

Den Royal Botanical Garden vun Sydney ass eng 30 Hektar grouss GrĂ©ngflĂ€ch direkt nieft der Oper deen bis an den Zentrum vun der Stad geet- mat Joerhonnert alen Beem an enger Partie interessanter Awunner dei sech frĂ€i hei tummelen. Hei sinn och nach dĂ©i Ă©ischt Felder dĂ©i d’Kolonisten probĂ©iert hunn unzebauen.

  • Ă€Laughing Kookaburra
  • Cockadoo
  • White Ibis
  • Rainbow Lorikeet
  • Laughing Kookaburra

Am botaneschen Gaart ass och eng interessant Ausstellung iwwert d’Kolonialisatioun vun der GĂ©igend – dĂ©i awer ob all Australesch Aborigines zoutrefft. Den Ă©ischten Kontakt war katastrophal an bannen engem Joer waren 90% vun den Urbewunner am Raum Sydney duerch Pocken dezimĂ©iert. Duerno sinn se marginalisĂ©iert ginn duerch d’EuropĂ€er an erĂ©ischt 1967 ass dĂ©i australesch Konstitutioun esou geĂ€nnert ginn dat d’ Aborigines dĂ©i selwecht Rechter kruten ewĂ©i d’ Australesch Bierger. 2014 erĂ©ischt huet dĂ©i australesch Regierung sech entschĂ«llegt bei den Aborigines fir dat wat se hinnen alles ugedoen huet.

Greater Sydney ass eng grouss Bucht ëmginn vun villen klengen Buchten mat Strand oder klengen HÀfen déi di eemoleg Lag ausmaachen. Mam Bus maachen mir en Tour duerch déi verschidden Buchten déi sech zu Staddeeler entwéckelt hunn.

Bondi Beach leit um Mier – net an der Bucht – an duerfir profitĂ©ieren d’Surfer vun den heigen Wellen . D’Bucht ass mat engem Netz virun den Haien geschĂŒtzt ma et kennt awer heiansdo zu engem TĂ«schefall. Mir krĂ©ien gesot dat wĂ€r ewĂ©i mat den Beien- mir gĂ©ifen jo och nach eraus goen obwuel Beien do wĂ€ren dei een picken kennten. đŸ€·â€â™‚ïž

Owes hunn mir natierlech dĂ©i Vue vun eisem ZĂ«mmer ..besser geet et net.

  • Room with a view 🙂

Next Etapp: Melbourne – Australien

Distanz Sydney – Melbourne : 555 SeimĂ©ilen + 1 Seidaag

Posted in Australia, Oceanie, Worldcruise 2019
Leave a comment
admin
  • Facebook
  • Twitter

Post navigation

   WC19 – Auckland – New Zealand
WC19 – Melbourne – Australia   

You may also like

WC19 – Suez Canal – Egypte

Continue Reading

WC19 – Aqaba – Jordan

Continue Reading

Leave a Reply Cancel reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

Categories:

  • America (15)
  • Asia (10)
  • Europe (7)
  • Oceanie (14)
  • Worldcruise 2019 (47)

6 continents explored
34 Countries visited
59.208 Km navigated
More than 5000 taken
49 Call at ports attended