• Worldcruise 2019
  • America
  • Oceanie
  • Asia
  • Polynesia
  • Orient
  • Europe
  • Caribic
  • Central-America
  • North-America
  • French Polynesia
  • Australia

Dany's Travelblog

  • Home
  • Worldcruise 2019
    • Worldcruise 2019
  • About

Dany's Travelblog

  • Home
  • Worldcruise 2019
    • Worldcruise 2019
  • About

WC19 – Dubai – United Arabe Emirates (UAE)

This post is part of a series called Worldcruise 2019
Show More Posts
  • WC19 – Suez Canal – Egypte
  • WC19 – Aqaba – Jordan
  • WC19 – Muscat – Oman
  • WC19 – Khasab – Oman🐬
  • WC19 – Abu Dhabi – UAE
  • WC19 – Dubai – United Arabe Emirates (UAE)
  • WC19 – Male – Maldives 🏖
  • WC19 – Columbo – Sri Lanka
  • WC19 – Alldag un Bord 🚱
  • WC19 – Port Klang – Malaysia
  • WC19 – Singapore
  • WC19 – Fremantle + Perth – Australia
  • WC19 – Melbourne – Australia
  • WC19 – Sydney – Australia
  • WC19 – Auckland – New Zealand
  • WC19 – Bay of Islands – New Zealand
  • WC19 – Lautoka ⛱ – Fiji
  • WC19 – Suva – Fiji
  • WC19 – Nuku’alofa – Tonga
  • WC19 – Apia – Samoa
  • WC19 – Datumsgrenz 🕐 oder wou ass dann den 3 MĂ€erz bliwwen ?
  • WC19 – Pago Pago – American Samoa
  • WC19 – Bora-Bora 🩈
  • WC19 – Moorea 🐠🐚
  • WC19 – Papeete – Tahiti
  • WC19 – Los Angeles – USA
  • WC19 – San Diego – USA
  • WC19 – Cabo San Lucas-Mexico🐳🐳
  • WC19 – Puerto Vallarta – Mexico
  • WC19 – Puerto Quetzal / Guatemala
  • WC19 – Corinto /Nicaragua
  • WC19 -Puntarenas / Costa Rica💗
  • WC19 – Panamakanal – Panama
  • WC19 – Cartagena – Columbia
  • WC19 – Santa Marta – Columbia
  • WC19 – Oranjestad – Aruba
  • WC19 – Willemstad – Curaçao
  • WC19 – Old San Juan 💕 – Puerto Rico
  • WC19 – Charlotte-AmĂ©lie – Saint Thomas
  • WC19 – Philipsburg – Sint Maarten
  • WC19 – Iwert den Atlantik an 5 Deeg
  • WC19 – Funchal
  • WC19 – Malaga
  • WC19 – Barcelona
  • WC19 – Marseille
  • WC19 – DĂ©part GĂ©nua

15 + 16. 04.2019 – 30°C 🌞

Arabesch Emirater sinn eng Federatioun vun 7 Emirater – dovunner ass Dubai eent. Et ass awer och d’Haaptstad vum Emirat Dubai. 

Hei liewen 2,2 mio Leit – dat sinn 85% vun der Populatioun vum ganzen Emirat. Dovunner sinn 20% aus dem Emirat an 80% AuslĂ€nner- haaptsĂ€chlech Inder, Pakistanien an soss Asiaten. DĂ©i 20% Emiratien sinn entbonnen vun sĂ€mtlechen Steieren, hunn gratis Schoulen, 100% Krankenpfleeg, gratis Pensiounssystem an nach ganz vill aner Virdeeler. Hei wunnen awer och proportionell gesinn dĂ©i meeschten MillionĂ€ren ob den MetercarrĂ©. DĂ©i 80% AuslĂ€nner sinn haaptsĂ€chlech am Bau beschĂ€ftegt, oft Ă«nnerbezuelt an hunn zum Beispill keen Urecht ob eng spĂ©ider Pensioun. Oft mussen se esou guer hiren Pass ofginn bis un d’Enn vun hirem Kontrakt.

Den Hafen Jebel Ali  ass haut den 9. grĂ©issten ob der Welt wat den Handel ugeet an den grĂ©issten gebauten Hafen vun der Welt. Et ass eng rieseg FraĂŻhandelszone. Mir lĂ©en am Port Rachid un, wou den Cruiseterminal ass.

  • View of the skyline from the ship
  • Cars..

Dubai Stad zitt sech iwwert 60km. Mir huelen eis fir dĂ©i 2 Deeg en Ticket fir den Hop on-Hop off an kennen eis esou zimlech frĂ€i beweegen trotz den groussen Distanzen. Eist Ă©ischt Visitt ass den traditionellen Staddeel vun Dubai.

Am Dubai Museum ass dĂ©i ganz EntwĂ©cklung vun der Stad an sengen Awunner ganz interessant duerbruecht. 

Dubai war en FĂ«scherduerf um Perseschen Golf an huet vun der PĂ€relfĂ«scherei an Handel gelieft. No der grousser Depressioun vun 1929 an doduerch dat d’Japaner ugefaangen hunn mat der kĂ«nstlecher PĂ€relziichterei ass den PĂ€relhandel zesummegebrach. 1966 ass dunn Ueleg entdeckt ginn an an ronn 50 Joer ass aus engem aarmen FĂ«scherduerf eng Megametropole entstanen wĂ©i et se soss nĂ©irens gĂ«tt.

  • Dubai Museum
  • Al Fahidi Fort -built in 1787

An den verschiddenen Souk‘en kann een herrlech handelen an stöberen. 

  • Old Souk Bur Dai
  • Textile Souk
  • Spice Souk

Duerno maachen mer eng Dhow Cruise an der Dubai Creek. Hei ass nach en aktiven Dhouwhafen fir den Handel mat den noen Noperen. (Iran, Indien, Sri Lanka…) Dei eng SĂ€it ass schonn’s dat modernt Dubai ze gesinn –

  • Deira Twin Towers
  • National Bank of Dubai

-an dĂ©i aner SĂ€it ass am traditionellen arabeschen Style en ganzen Staddeel nei gebaut ginn. Hei gesĂ€it een nach Haiser mat Wandtierm- enger natierlecher an ekologescher Klimaanlag – dĂ©i awer nĂ«mmen zur Dekoratioun dengen. 

  • Tapis’en an aner Gidder ginn gelueden

Owes maachen mer en Tour mam Bus duerch Dubai by night an eisen Endstop ass natiirlech den Burj Khalifa mat sengen WaasserfontÀnen.

Den Burj Khalifa ass den hĂ©chsten Tuerm vun der Welt mat 828m. Et ass awer och den hĂ©chsten bewunnten Tuerm mat 160 Etagen. En huet dĂ©i hĂ©chsten Baussenplattform (555m)  vun der Welt an den lĂ€ngsten Lift vun der Welt. En ass tĂ«schent 2004 an 2010 gebaut ginn. RonderĂ«m den Tuerm ass en komplett StadvĂ©ierel entstanen, Downtown Dubai.

Hei ass och grĂ©issten Akafsmall vun der Welt – Dubai Mall mat mĂ©i ewĂ©i 1200 GeschĂ€fter, an engem riesegen Aquarium mat Haien, Rochen matten am Akafszentrum.

Natierlech klammen mir erop fir eis dat vun Uewen unzekucken – d’Vue ass einfach nĂ«mmen immens – an et gesĂ€it een eng StadentwĂ©cklung ob Arabesch- wou Platz an Suen keng Roll spillen. Dubai ass einfach eng Stad vun den Superlativen. 

Mir maachen och nach en Tour mam SchĂ«ff duerch Dubai Marina bis an den Arabeschen Golf. DĂ«sen Staddeel ass nach an vollem Opbau an sou munchen Wollekekrazert ass nach am Bau. 

D‘Jumeirah Palm ass eng vun 3 kĂ«nstlechen Palmen dĂ©i als Landgewennung an d’Mier gebaut goufen an elo en neien Staddeel mat Privathaiser an Luxushotellen ass.
Hei lĂ€it och den Atlantis Hotel- bekannt fir seng Wasserattraktiounen an den Burj Al Arab– den eenzegsten 7 StĂ€ren Hotel vun der Welt.

  • Atlantis Hotel
  • Burj Al Arab

An der Emirates Mall gĂ«tt et eng kĂ«nstlech Schipiste. Eng nach mĂ©i grouss ass am Plang ob enger weiderer Palm wou nĂ«mmen Luxushoteller an soss Attraktiounen kommen sollen.

Dubai Frame soll d’Visittekaart vun Dubai sinn an d’Paart tĂ«schent al Dubai an nei Dubai duerstellen. Et ass en rengt representatiivt Gebai vun 150m an 48 StĂ€ck mat engem Visitorcenter – mat duerchsiichtegem Buedem. 

Dubai huet nach vill wĂ«lles – geplangt ass en ganz neien Staddeel mat engem neien Rekordtuerm vun 1200m . Saudi Arabien plangt bis 2020 den Jeddah Tower fĂ€erdeg ze hunn mat 1000m – duerfir plangt Dubai elo nach mĂ©i en hĂ©ijen Tuerm. Se sinn flĂ€isseg um promouvĂ©ieren an mir sinn direkt 2 mol ugeschwat ginn fir hei ze investĂ©ieren.😀

Dubai ass sĂ©cher eng interessant Stad wou een all puer Joer kann kucken kommen wei et sech weider entwĂ©ckelt huet an wat dĂ©i neisten Attraktiounen sinn.


An all Hafen wou d’MSC Magnifica fir d’Ă©ischt ulĂ©et gĂ«tt et eng Zeremonie “Echange de plaques”. Hei kritt d’Reederei, respektive d’SchĂ«ff dann en Undenken un sĂ€in Ă©ischten Openthalt. Um SchĂ«ff hunn mir eng Galerie wou all des “Biller” hĂ€nken. Zu Dubai ass et en SchĂ«ff am 24 Karat Gold wat iwwerreecht gĂ«tt- an mir sinn als LĂ«tzebuerger ob d’Zeremonie invitĂ©iert wou dĂ«st SchĂ«ff an der Galerie verĂ©iwegt gĂ«tt- als sou ze soen PĂ€tter an Giedel. Den KapitĂ€n selwer huet eis empfangen an jiddereen krut eng Foto mat dem Dubai SchĂ«ff.  

Next Etapp: Abu Dhabi – Oman

Distanz Dubai – Abu Dhabi : 74 SĂ©imeilen

Posted in Asia, Orient, Worldcruise 2019
Leave a comment
admin
  • Facebook
  • Twitter

Post navigation

   WC19 – Male – Maldives 🏖
WC19 – Abu Dhabi – UAE   

You may also like

WC19 – Suez Canal – Egypte

Continue Reading

WC19 – Aqaba – Jordan

Continue Reading

Leave a Reply Cancel reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

Categories:

  • America (15)
  • Asia (10)
  • Europe (7)
  • Oceanie (14)
  • Worldcruise 2019 (47)

6 continents explored
34 Countries visited
59.208 Km navigated
More than 5000 taken
49 Call at ports attended