• Worldcruise 2019
  • America
  • Oceanie
  • Asia
  • Polynesia
  • Orient
  • Europe
  • Caribic
  • Central-America
  • North-America
  • French Polynesia
  • Australia

Dany's Travelblog

  • Home
  • Worldcruise 2019
    • Worldcruise 2019
  • About

Dany's Travelblog

  • Home
  • Worldcruise 2019
    • Worldcruise 2019
  • About

WC19 – Aqaba – Jordan

This post is part of a series called Worldcruise 2019
Show More Posts
  • WC19 – Suez Canal – Egypte
  • WC19 – Aqaba – Jordan
  • WC19 – Muscat – Oman
  • WC19 – Khasab – Oman🐬
  • WC19 – Abu Dhabi – UAE
  • WC19 – Dubai – United Arabe Emirates (UAE)
  • WC19 – Male – Maldives 🏖
  • WC19 – Columbo – Sri Lanka
  • WC19 – Alldag un Bord 🚱
  • WC19 – Port Klang – Malaysia
  • WC19 – Singapore
  • WC19 – Fremantle + Perth – Australia
  • WC19 – Melbourne – Australia
  • WC19 – Sydney – Australia
  • WC19 – Auckland – New Zealand
  • WC19 – Bay of Islands – New Zealand
  • WC19 – Lautoka ⛱ – Fiji
  • WC19 – Suva – Fiji
  • WC19 – Nuku’alofa – Tonga
  • WC19 – Apia – Samoa
  • WC19 – Datumsgrenz 🕐 oder wou ass dann den 3 MĂ€erz bliwwen ?
  • WC19 – Pago Pago – American Samoa
  • WC19 – Bora-Bora 🩈
  • WC19 – Moorea 🐠🐚
  • WC19 – Papeete – Tahiti
  • WC19 – Los Angeles – USA
  • WC19 – San Diego – USA
  • WC19 – Cabo San Lucas-Mexico🐳🐳
  • WC19 – Puerto Vallarta – Mexico
  • WC19 – Puerto Quetzal / Guatemala
  • WC19 – Corinto /Nicaragua
  • WC19 -Puntarenas / Costa Rica💗
  • WC19 – Panamakanal – Panama
  • WC19 – Cartagena – Columbia
  • WC19 – Santa Marta – Columbia
  • WC19 – Oranjestad – Aruba
  • WC19 – Willemstad – Curaçao
  • WC19 – Old San Juan 💕 – Puerto Rico
  • WC19 – Charlotte-AmĂ©lie – Saint Thomas
  • WC19 – Philipsburg – Sint Maarten
  • WC19 – Iwert den Atlantik an 5 Deeg
  • WC19 – Funchal
  • WC19 – Malaga
  • WC19 – Barcelona
  • WC19 – Marseille
  • WC19 – DĂ©part GĂ©nua

25.04.2019 – 29°C 🌞

Mir leen zu Aqaba um Enn vum Rouden Mier un. Vum SchĂ«ff gesinn mer d’Grenz tĂ«schen Jordanien an Israel an d’Grenz tĂ«schent Israel an Egypten.

Mir fueren 2 Stonnen mam Bus op Petra wat 90 Km vun Aqaba ewech lĂ€it. Jordanien besteet zu 65% aus WĂŒste an esou gesĂ€it d’Landschaft och aus.

Petra lĂ€it am SĂŒden vun Jordanien an ass dĂ©i grĂ©issten Touristenattraktioun vum Land. Et ass eng Hielenstad (citĂ© troglodytique) vun den NabatĂ«er an hat sĂ€in HĂ©ichpunkt 300 Joer virun bis 300 Joer no Christus Gebuert. Et war eng Handelsstad dĂ©i strategesch gĂ«nschteg tĂ«schent dem Orient, Egypten, Syrien an dem MĂ«ttelmier louch an en Haaptemschlagplatz fir Gewierzer an Essentzer war. Zu sengen beschten ZĂ€iten hunn hei bis zu 25.000- 30.000 Leit gelieft.

Wat haut nach vun der Stad besteet sinn Griewer mat fantasteschen Fassaden. D’NabatĂ«er hunn hier Verstuerwen hei begruewen. An den Fassaden fĂ«nnt een sĂ€mtlech Stilelementer (byzantinesch, rĂ©imesch griichesch) aus dĂ€r ZĂ€it erĂ«m- en Zeechen dat Si en reegen Handelsaustausch mat aneren Kulturen iwwert d’Joerhonnerten haten.

Am Joer 102 NC ass Petra un d’RĂ©imescht RĂ€ich annexĂ©iert ginn an eng ganz Partie Ruinen sinn aus der RĂ©imerzĂ€it .

Am Joer 551 AC huet en grousst Äerdbiewen der Stad zougesat an doduerch dat d’Handelsrouten sech ob Palmyra a Syrien verlagert hunn war den Zerfall vun der Stad virprogrammĂ©iert. Ab dem 7 Joerhonnert ass Petra an Vergiessenheet geroden an erĂ©ischt 1812 vun engem Schweitzer (Johannes Burckhardt) erĂ«m entdeckt ginn. Zanter 1985 steet et ob der LĂ«scht vun dem Weltkulturierwen vun der UNESCO an geheiert zanter 2007 zu engem vun den 7 neien Weltwonner.

Fir an d’Stad muss een zefouss duerch den “Siq”, eng Schlucht dĂ©i 1,2 km laang ass an wou d’FielswĂ€nn bis zu 80 m hĂ©ich sinn. Zu 2 SĂ€iten sinn Waasserrinnen gehaen. Petra lĂ€it an dem Wadi Mussa (Schlucht Moses) an war wĂ€it entwĂ©ckelt an punkto Waasser an Aquedukten. Et gĂ«tt gesot dat den Moses hei mam Bengel ob den Buedem geschloen huet an dunn eng Quell erstanen ass – dĂ©iselwecht dĂ©i d’Stad Petra dann mat Waasser versuergt huet.

Um Enn vun der Schlucht gesĂ€it een dann ob Ă©en mol “The Treasury” (Al Khazna). Et ass d’PrunkstĂ©ck vun Petra, ass 40 m hĂ©ich an 28 m breet. D’Fassade ass dekorĂ©iert mat Korinteschen Buschtawen, Fresken an Figuren. An der MĂ«tt ass eng Urne, wou der Legend no engem Pharaoe sĂ€in Schatz verstoppt ass,oder en Geescht dran lieft. Se ass iwwerseit mat AschosslĂ€cher well d’Beduinen drop geschoss hunn fir den Geescht ze verdreiwen.

  • Al Khazan

Geologesch gesinn ass dĂ©i ganz Schlucht aus verschidden Schichten an Faarwen vun Sandsteen – vun Rosa bis Gro -wat en immenst Faarwespill ergĂ«tt. 

  • Detail of a roof in a cavern

Den Theater huet 7 Trappen an konnt bis zu maximal 4000 Spectateuren ophuelen. et ass den eenzegen Theater ob der Welt deen komplett an den Steen gehae ass. 

D’Kinneklech Griewer bestinn aus 4 imposanten Fassaden. 

  • The Royal Tombs

Den groussen Tempelkomplex ass 7000m2 an huet 15m heich Sailen. En ass em 100 virun Christus vun den NabatĂ«er gebaut ginn an spĂ©ider vun den Reimer “verschĂ©inert” ginn.

D’Kierch ass vum 5 Joerhonnert no Christus an am rĂ©imesch-griicheschen Styl gebaut Et kann een nach en fantasteschen original Mosaik bewonneren. Se ass deels aus Steng vun mĂ©i alen Monumenter gebaut ginn. 

  • Mosaic in the church
  • The church

Den ganzen Site ass gewalteg. Et brĂ€icht een sĂ©cher 1-2 ganzer Deeg fir alles an Rou ze kucken. Mir hunn nĂ«mmen ronn 4 Stonnen ZĂ€it an mussen eis ob dat wesentlecht konzentrĂ©ieren.

  • The Roman Gate
  • Nymphaeum + 400 year old Fig Tree

Den ganzen Site ass voll Beduinen dĂ©i entweder verkafen wĂ«llen oder PĂ€erd, Kutsch, Iesel oder Dromedaren als TransportmĂ«ttel ubidden. 

No enger onfrĂ€iwĂ«lleger Renconte vun engem vun eis mat enger PĂ€erdskutsch  ( dĂ©i awer nach gutt ausgaangen ass) huelen mer um RĂ©ckwee d’PĂ€erd – soss hĂ€tten mer et ni mĂ©i mat ZĂ€iten ob den Bus gepackt .

Jordanien an Petra sinn Destinatiounen wou et sech sĂ©echer lount erĂ«m ze kommen an mĂ©i ZĂ€it ze verbrengen.

Next Etapp: Suez Canal – Egypten

Distanz Aqaba – Suez: 297 SĂ©imeilen

Posted in Asia, Orient, Worldcruise 2019
Leave a comment
admin
  • Facebook
  • Twitter

Post navigation

   WC19 – Muscat – Oman
WC19 – Suez Canal – Egypte   

You may also like

WC19 – Suez Canal – Egypte

Continue Reading

WC19 – Muscat – Oman

Continue Reading

Leave a Reply Cancel reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

Categories:

  • America (15)
  • Asia (10)
  • Europe (7)
  • Oceanie (14)
  • Worldcruise 2019 (47)

6 continents explored
34 Countries visited
59.208 Km navigated
More than 5000 taken
49 Call at ports attended