• Worldcruise 2019
  • America
  • Oceanie
  • Asia
  • Polynesia
  • Orient
  • Europe
  • Caribic
  • Central-America
  • North-America
  • French Polynesia
  • Australia

Dany's Travelblog

  • Home
  • Worldcruise 2019
    • Worldcruise 2019
  • About

Dany's Travelblog

  • Home
  • Worldcruise 2019
    • Worldcruise 2019
  • About

WC19 – Male – Maldives 🏖

This post is part of a series called Worldcruise 2019
Show More Posts
  • WC19 – Suez Canal – Egypte
  • WC19 – Aqaba – Jordan
  • WC19 – Muscat – Oman
  • WC19 – Khasab – Oman🐬
  • WC19 – Abu Dhabi – UAE
  • WC19 – Dubai – United Arabe Emirates (UAE)
  • WC19 – Male – Maldives 🏖
  • WC19 – Columbo – Sri Lanka
  • WC19 – Alldag un Bord 🚢
  • WC19 – Port Klang – Malaysia
  • WC19 – Singapore
  • WC19 – Fremantle + Perth – Australia
  • WC19 – Melbourne – Australia
  • WC19 – Sydney – Australia
  • WC19 – Auckland – New Zealand
  • WC19 – Bay of Islands – New Zealand
  • WC19 – Lautoka ⛱ – Fiji
  • WC19 – Suva – Fiji
  • WC19 – Nuku’alofa – Tonga
  • WC19 – Apia – Samoa
  • WC19 – Datumsgrenz 🕐 oder wou ass dann den 3 Mäerz bliwwen ?
  • WC19 – Pago Pago – American Samoa
  • WC19 – Bora-Bora 🦈
  • WC19 – Moorea 🐠🐚
  • WC19 – Papeete – Tahiti
  • WC19 – Los Angeles – USA
  • WC19 – San Diego – USA
  • WC19 – Cabo San Lucas-Mexico🐳🐳
  • WC19 – Puerto Vallarta – Mexico
  • WC19 – Puerto Quetzal / Guatemala
  • WC19 – Corinto /Nicaragua
  • WC19 -Puntarenas / Costa Rica💗
  • WC19 – Panamakanal – Panama
  • WC19 – Cartagena – Columbia
  • WC19 – Santa Marta – Columbia
  • WC19 – Oranjestad – Aruba
  • WC19 – Willemstad – Curaçao
  • WC19 – Old San Juan 💕 – Puerto Rico
  • WC19 – Charlotte-Amélie – Saint Thomas
  • WC19 – Philipsburg – Sint Maarten
  • WC19 – Iwert den Atlantik an 5 Deeg
  • WC19 – Funchal
  • WC19 – Malaga
  • WC19 – Barcelona
  • WC19 – Marseille
  • WC19 – Départ Génua

10+11.04.2019 – 35°C 🌞

Maldiven, dat sinn 26 Atollen an am ganzen 1199 Inselen; dovunner sinn der 202 bewunnt. Se leien 1m bis maximum 2,7m iwwert dem Mieresspigel.

Maldiven sinn eng islamesch Republik an zanter 2013 herrscht hei eng radikal islamistesch Regierung. D’Shar’ia ass a Kraaft an gëtt och brutal praktizéiert. D’Mënscherechter ginn hei oft net respektéiert an Presse- an Meenungsfräiheet ënnerdréckt.

Mir ankeren virun Male – der Haaptstad vun den Malediven. Male ass eng Insel déi 1,7 km laang an 1 km breet ass an wou awer 140.000 Leit wunnen. Et ass eng vun den dichts bevëlkeren Stied vun der Welt.

  • Mosque to be

Komplett ronrem d’Stad ass Hafen an et fueren onmosseg vill grouss an kleng Schëffer rondrem.

Ob der Fluchhafeninsel sinn Quai’en wou d’Leit ofgeholl an mat Speedbooter oder Waasserfliger direkt ob déi verschidden Inselen gefouert ginn. D’Regierung well dat d’Bevëlkerung esou mann ewéi méiglech Kontakt mat den Touristen huet. Geplangt an am Bau sinn Mega Wunnbléck ob enger kënstlecher Insel – déi ursprénglech Inselen ginn dann fir weider grouss Hotellen genotzt.

An alles ob den Inselen an den Hotellen muss mam Schëff bruecht ginn an entsuergt ginn. Thilafushi ass eng kënstlech Insel déi nëmmen aus dem Offall vun der Stad Male an den Hotelsinselen besteet. Et ass en risegen Dreckstipp deen 24h/24h brennt. Dat ass hier Industrielandgewennung an eng riseg ökologesch Katastroph. Et gëtt net getrennt an net recycléiert. Geplangt ass eng Verbrennungsanlag ma déi ass awer nach laang net fäerdeg.

https://www.liberation.fr/planete/2018/06/02/les-maldives-malades-du-plastique_1655873

  • Offallschëff an engem Ressort
  • Thilafushi

An trotzdeem gëllt et als Paradäis fir Touristen. Et ginn onmoosseg vill Hotellen ob den onbewunnten Inselen mat wäissem Korallensand an bloen Mier.

Mir hunn eng Nuecht an engem Ressort gebucht – eng kleng Vakanz vun der Vakanz. Mat engem Speedboot fueren mer eng halef Stonn bis ob Hudhuran Fusi, eng kleng Insel. Et ass genau esou wéi een sech et virgestallt huet – wäissen Korallensand mat déif bloen Mier an enger Lagun voller faarweger Fësch.

Eist “Zemmer” lait direkt an der Lagun, mat Bleck ob Rochen, Haien, Schilkröten an Fesch vun all Farwen an Greissten

Beim Schnorchelen entdecken mir eng Ënnerwaasserwelt wéi mir eis se ni hätten virstellen kënnen. 

Esou guer eng Deckelsmouk léisst sech filmen.

Korallen hun mer leider net vill gesinn. Am Joer 2016 huet en besonnesch staarken El Nino 60-70% vun allen Korallen ob den Malediven zerstéiert. D’Regierung huet nëmmen den Wuesstem am Bléck an net d’Erhalung vun hirer wäertvollster Ressource – der Natur. Déi grouss Hotelsmultinationalen fänken awer un ob “hiren” Inselen Korallen ze ziichten an éischt Ëmweltmoossnamen anzeféieren.

🐚 PAGURE-Einsiedlerkrebs 🦀 Eigentlech wollt ech en puer Muschelen matbréngen als Souvenir..ma se waren all “bewunnt” an ech hunn et net fäerdeg bruecht déi aarmen Déiercher eraus ze puchen. 🐚 🦀

Owes erliewen mer en wonnerschéinen romantesch Sonnenënnergang.


Fazit: Maldiven sinn eng absolut Draamdestinatioun wat Natur an Ënnerwaasserwelt ugeet – ech weess net ob et soss nach vill Platzen ginn wou een esou enger Villfalt begéint. Leider héich bedreet duerch den Faktor Mënsch, seng Politik, Reliounen an Habgier. Ech sinn frou et mat eegenen Aen gesinn ze hunn, kommen awer sécher net méi heihinner zeréck- mir hunn vill aner schéin Platzen gesinn déi een mat méi engem rouegen Gewëssen besichen kann. 

Next Etapp : Dubai – United Arab Emirates

Distanz Male – Dubai : 1782 Séimeilen + 3 Séideeg

Posted in Asia, Worldcruise 2019
Leave a comment
admin
  • Facebook
  • Twitter

Post navigation

   WC19 – Columbo – Sri Lanka
WC19 – Dubai – United Arabe Emirates (UAE)   

You may also like

WC19 – Suez Canal – Egypte

Continue Reading

WC19 – Aqaba – Jordan

Continue Reading

Leave a Reply Cancel reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

Categories:

  • America (15)
  • Asia (10)
  • Europe (7)
  • Oceanie (14)
  • Worldcruise 2019 (47)

6 continents explored
34 Countries visited
59.208 Km navigated
More than 5000 taken
49 Call at ports attended