• Worldcruise 2019
  • America
  • Oceanie
  • Asia
  • Polynesia
  • Orient
  • Europe
  • Caribic
  • Central-America
  • North-America
  • French Polynesia
  • Australia

Dany's Travelblog

  • Home
  • Worldcruise 2019
    • Worldcruise 2019
  • About

Dany's Travelblog

  • Home
  • Worldcruise 2019
    • Worldcruise 2019
  • About

WC19 – Alldag un Bord 🚱

This post is part of a series called Worldcruise 2019
Show More Posts
  • WC19 – Suez Canal – Egypte
  • WC19 – Aqaba – Jordan
  • WC19 – Muscat – Oman
  • WC19 – Khasab – Oman🐬
  • WC19 – Abu Dhabi – UAE
  • WC19 – Dubai – United Arabe Emirates (UAE)
  • WC19 – Male – Maldives 🏖
  • WC19 – Columbo – Sri Lanka
  • WC19 – Alldag un Bord 🚱
  • WC19 – Port Klang – Malaysia
  • WC19 – Singapore
  • WC19 – Fremantle + Perth – Australia
  • WC19 – Melbourne – Australia
  • WC19 – Sydney – Australia
  • WC19 – Auckland – New Zealand
  • WC19 – Bay of Islands – New Zealand
  • WC19 – Lautoka ⛱ – Fiji
  • WC19 – Suva – Fiji
  • WC19 – Nuku’alofa – Tonga
  • WC19 – Apia – Samoa
  • WC19 – Datumsgrenz 🕐 oder wou ass dann den 3 MĂ€erz bliwwen ?
  • WC19 – Pago Pago – American Samoa
  • WC19 – Bora-Bora 🩈
  • WC19 – Moorea 🐠🐚
  • WC19 – Papeete – Tahiti
  • WC19 – Los Angeles – USA
  • WC19 – San Diego – USA
  • WC19 – Cabo San Lucas-Mexico🐳🐳
  • WC19 – Puerto Vallarta – Mexico
  • WC19 – Puerto Quetzal / Guatemala
  • WC19 – Corinto /Nicaragua
  • WC19 -Puntarenas / Costa Rica💗
  • WC19 – Panamakanal – Panama
  • WC19 – Cartagena – Columbia
  • WC19 – Santa Marta – Columbia
  • WC19 – Oranjestad – Aruba
  • WC19 – Willemstad – Curaçao
  • WC19 – Old San Juan 💕 – Puerto Rico
  • WC19 – Charlotte-AmĂ©lie – Saint Thomas
  • WC19 – Philipsburg – Sint Maarten
  • WC19 – Iwert den Atlantik an 5 Deeg
  • WC19 – Funchal
  • WC19 – Malaga
  • WC19 – Barcelona
  • WC19 – Marseille
  • WC19 – DĂ©part GĂ©nua
Here is where the magic happens 😜

 

An wat mĂ©cht een dann esou dĂ©i ganz SĂ©ideeg un Bord? – Eent viraus – et langweilt een sech net..

DĂ©i meeschten ZĂ€it geet drop mat Fotoen sĂ«nneren; verschaffen an Posten virbereeden fir hei ob den Site ze setzen. Am SchnĂ«tt hunn Ech probĂ©iert een Post pro SĂ©idaag fĂ€erdeg ze krĂ©ien.

Donieft heescht et awer och dĂ©i nĂ€chst Destinatiounen ze preparĂ©ieren. All Moies ass eng Konferenz iwwert eist nĂ€chst Ziel. DĂ«s Konferenzen ginn an den 5 geleefegen Sproochen hei vum SchĂ«ff gehalen (Italienesch, Spuenesch, FransĂ©isch, DĂ€itsch an Englesch ) an vun verschidden Konferenzieren. Do krĂ©ien mer en Ă©ischten IwwerblĂ©ck iwwert dat wat ob eis duerkĂ«nnt an dann heescht et sech zesummen setzen an plangen, reservĂ©ieren etc. Mir sinn eng Equipe vun 7 an probĂ©ieren en Maximum ob eis selwer ze Ă«nnerhuelen, well ob den Excursiounen vum SchĂ«ff huet een Ă«mmer en strengen ZĂ€itplang- an meeschtens net genuch ZĂ€it fir eppes am Fong ze kucken- net ze schwĂ€tzen dat dĂ©i Excursiounen natierlech Ă«mmer am groussen Gruppen (bis zu 50 Leit) stattfannen. Dat heescht awer am Virfeld eng gutt Preparatioun fir dann un Land keng ZĂ€it ze verlĂ©ieren. Dat ass net Ă«mmer einfach wĂ«ll den Internet ob SĂ©i ass luuues.

Mir hunn eis ugewinnt stilvoll beim Tee dansant ze plangen.

Dann ginn et awer och nach dĂ©i mĂ©i spezifesch Konferenzen iwwert Delfinen, Walen, Geschicht vun der Äerd, Kenstler, Humor, TĂ©i ect. Sproochcoursen ginn et am Englesch, Italienesch an Spueneschen .

Danzen: et ginn all Dag eng 8 Danzstonnen – vum Cha-Cha-Cha iwwert den Tango, Merengue kann een alles leieren. Thematesch Danzcoursen ginn et dann passend zou der GĂ©igend wou mer grad sinn – Huladanz zu Hawai; Hakadanz an Neiseiland; Square Country an Australien – wou dann och Ă«mmer eng Trupp mat un Bord ass fir eis dat beizebrengen. An all Owend gĂ«tt ob d’mannst ob 3 Danzpisten Livemusek gespillt fir ze danzen. 

Musek um SchĂ«ff ass souwisou Ă«mmer an iwwerall – am SchnĂ«tt spillen all Dag eng 5-6 Livebands an dat iwwert den Dag verdeelt an Owes an sĂ€mtlechen Bar’en. Et gĂ«tt en klasseschen Ensemble deen Ă«ffentlech Prouwen huet an vun ZĂ€it zu ZĂ€it en Spektakel gĂ«tt. Sangen leieren kann een natierlech och.

Sport: Pro SĂ©idaag ginn et 6 Sportscoursen (vun Aerobic, Zumba bis Bio Dance ass alles derbĂ€i) dĂ©i een beleeĂ«n kann an dat nieft dem Fitnessstudio deen och nach emol alles ubitt.

Ob Deck 7 kann een flott 5/6 vum SchĂ«ff emronnen mat engem Tunnel fir ronderĂ«m den Bug – wat dann hin an zerĂ©ck eng 700m mĂ«scht an sech wonnerbar als Laf oder Treppelstreck eegent.

Donieft kann een sĂ€mtlech Kaartespiller leieren (Bridge; Canasta ect) , et ginn Molcoursen; Bastelcoursen; Origami etc.

Ob den Iwwerfaarten mat mĂ©i Deeg gĂ«tt et dann nach den Trivia – en Quiz iwwert puer Deeg- all Dag ginn 10 Froen gestalt dĂ©i direkt an der Equipe (6-10 Leit) mussen beĂ€ntwert ginn – ouni HĂ«llefsmĂ«ttel wei Internet oder Bicher – mat richteg schwĂ©ieren allgemengen Froen. Mir bĂ€issen eis heiansdo d’ZĂ«nn drun aus. (Beispill: Weivill Faarwen sinn am FĂ€ndel vun SĂŒdafrika oder weivill Quadrater huet en Schachbriet?)

All Owes ginn et zwee Spektakelen am Theater. Fir dĂ©i ganz Rees sinn insgesamt 96 (!) verschidden Spektakelen virgesinn- dovunner sinn der ronn 40 vun der hauseegener Danz an Gesangstrupp – dĂ©i d’Spektakelen un Bord astudĂ©ieren an se dann an engem Owend 2 mol obfeieren.

DĂ©i restlech Showen sinn vun Externen dĂ©i kuerzfristeg ob d’SchĂ«ff kommen oder en Deel vun der Rees matmaachen. Et geet vun Danz – Gesang – Akrobatik bis Illusionisten etc. An Ă«mmer vun enger excellenter QualitĂ©it.

An dann gĂ«tt natierlech gefeiert… Themenowenter ewĂ©i White Night, Piratesnight; 70er Party;………Valentinsdaag; Fraendaag; Fuesend; St. Patricksday; Ă«mmer mat passendem Buffet an passender Party.

  • Equator Line Crossing Ceremony
  • Equator Line Crossing Ceremony

An passend zu all Destinatioun kennt dann eng Musek – Folklor oder Gesangstrupp un Bord- heiansdo esou guer fir eng Iwwerfaart – an presentĂ©iert eis hier DĂ€nz an Traditiounen.

  • HawaĂŻ Night
  • HawaĂŻ Night

An dann ass do nach d‘Iessen : Et ass en italienescht SchĂ«ff an sou ass och d’Iessen – einfach nĂ«mmen gutt! Et gĂ«tt en Buffet wou een 20 vun 24 Stonnen iessen kann an dann ginn et nach d’Restauranten wou een Moies, MĂ«ttes an Owes zerwĂ©iert gĂ«tt mat MenĂŒen vun 3 GĂ€ng. Natierlech ass d’Kichen Ă«mmer passend zu den Destinatiounen an am ganzen kommen nach emol 8 renommĂ©iert Chef’en un Bord fir eis hiren StĂ€renmenĂŒ ze kachen.

D’QuantitĂ©iten dĂ©i hei verschafft ginn sinn enorm. An der Moyenne ginn fir 30 Deeg verbraucht:

  • 80.000 FlĂ€schen Waasser
  • 11.500 FlĂ€schen BĂ©ier
  • 12.500 Kilo Gefligel
  • 41.250 Kilo Uebst
  • 6.750 Kilo Reis……

Et kann een natierlech och einfach nĂ«mmen relaxen, d’Sonn genĂ©issen an et fĂ«nnt een Ă«mmer en Eckelchen wou grad keng Animatioun ass an wou et mĂ©i roueg ass- noutfalls um Balcon an der Kabinn.

🌏 Fazit ass dat dĂ©i 53 SeĂ©deeg vun den 119 Deeg vun der Rees duerchaus nĂ©ideg sinn fir alles ze verschaffen an sech tĂ«schend den Destinatiounen ze erhuelen. Ech wĂ«llt se net mĂ«ssen – an wien sech hei langweilt oder wiem ZĂ€it laang gĂ«tt ass sĂ©cher selwer schold. Mir genĂ©issen all Dag – un Bord – an och un Land. Heiansdo muss een sech selwer erĂ«nneren...Ech setzen am Mier vun Jawa bei 30°C an sinn derbĂ€i 1 mol ronderĂ«m d’Welt ze fueren. đŸŒ

DĂ©i ganz Rees ass allefalls eng wahnsinneg Organisatioun an et kritt een immens gebueden. De ganzen Staff ass immens lĂ©if an hĂ«llefsbereet an et kann een just festhalen dat et eng eenzegaarteg Erfarung ass dĂ©i mĂ©i schĂ©in net kennt sinn.

 â€œ Travel makes one modest. You see what a tiny place you occupy in the world.” –


Gustav Flaubert.

Posted in Worldcruise 2019
Leave a comment
admin
  • Facebook
  • Twitter

Post navigation

   WC19 – Port Klang – Malaysia
WC19 – Columbo – Sri Lanka   

You may also like

WC19 – Suez Canal – Egypte

Continue Reading

WC19 – Aqaba – Jordan

Continue Reading

Leave a Reply Cancel reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

Categories:

  • America (15)
  • Asia (10)
  • Europe (7)
  • Oceanie (14)
  • Worldcruise 2019 (47)

6 continents explored
34 Countries visited
59.208 Km navigated
More than 5000 taken
49 Call at ports attended