• Worldcruise 2019
  • America
  • Oceanie
  • Asia
  • Polynesia
  • Orient
  • Europe
  • Caribic
  • Central-America
  • North-America
  • French Polynesia
  • Australia

Dany's Travelblog

  • Home
  • Worldcruise 2019
    • Worldcruise 2019
  • About

Dany's Travelblog

  • Home
  • Worldcruise 2019
    • Worldcruise 2019
  • About

WC19 – Fremantle + Perth – Australia

This post is part of a series called Worldcruise 2019
Show More Posts
  • WC19 – Suez Canal – Egypte
  • WC19 – Aqaba – Jordan
  • WC19 – Muscat – Oman
  • WC19 – Khasab – Oman🐬
  • WC19 – Abu Dhabi – UAE
  • WC19 – Dubai – United Arabe Emirates (UAE)
  • WC19 – Male – Maldives 🏖
  • WC19 – Columbo – Sri Lanka
  • WC19 – Alldag un Bord 🚢
  • WC19 – Port Klang – Malaysia
  • WC19 – Singapore
  • WC19 – Fremantle + Perth – Australia
  • WC19 – Melbourne – Australia
  • WC19 – Sydney – Australia
  • WC19 – Auckland – New Zealand
  • WC19 – Bay of Islands – New Zealand
  • WC19 – Lautoka ⛱ – Fiji
  • WC19 – Suva – Fiji
  • WC19 – Nuku’alofa – Tonga
  • WC19 – Apia – Samoa
  • WC19 – Datumsgrenz 🕐 oder wou ass dann den 3 Mäerz bliwwen ?
  • WC19 – Pago Pago – American Samoa
  • WC19 – Bora-Bora 🦈
  • WC19 – Moorea 🐠🐚
  • WC19 – Papeete – Tahiti
  • WC19 – Los Angeles – USA
  • WC19 – San Diego – USA
  • WC19 – Cabo San Lucas-Mexico🐳🐳
  • WC19 – Puerto Vallarta – Mexico
  • WC19 – Puerto Quetzal / Guatemala
  • WC19 – Corinto /Nicaragua
  • WC19 -Puntarenas / Costa Rica💗
  • WC19 – Panamakanal – Panama
  • WC19 – Cartagena – Columbia
  • WC19 – Santa Marta – Columbia
  • WC19 – Oranjestad – Aruba
  • WC19 – Willemstad – Curaçao
  • WC19 – Old San Juan 💕 – Puerto Rico
  • WC19 – Charlotte-Amélie – Saint Thomas
  • WC19 – Philipsburg – Sint Maarten
  • WC19 – Iwert den Atlantik an 5 Deeg
  • WC19 – Funchal
  • WC19 – Malaga
  • WC19 – Barcelona
  • WC19 – Marseille
  • WC19 – Départ Génua

25 + 26.03.2019 – 30°C 🌞

Nodeems mer Melbourne jo een Dag éischter verlooss hunn erwächen mer Moies frei well d’Schëff geankert huet- mir sinn zu Portland an hunn alt erëm en medezineschen Noutfall deen dringend an d’Klinik muss. Duerno geet et dann stiermesch weider .🌊🌊 Mir hunn 6-7m héich Wëllen an ginn gutt gerëselt –  kommen sécher awer spéit zu Fremantle un. Mëttes fir 13.00 sinn mer dann endlech prett fir un Land ze goen.

Perth ass d’Haaptstad vun Occidental Australien mat 1,95 Mio Awunner- an Si bezeechnen sech selwer als déi isoléierts Haaptstad- déi nächst grouss Stad leit méi ewéi 2000 km wäit ewech an ausserhalb vun der Stad ob honnerten vun Kilometer ass nëmmen Buschland mat ganz wéineg Awunner.

Perth leit eng 30 km vun Fremantle ewech an mam Zuch sinn mer an enger hallwer Stonn do. Et ass eng immens propper Stad mat engem Mix aus Nei an Al an villen schéinen Gréngflächen. Am Zentrum sinn d’Bussen gratis.

  • St Georges Cathedral
  • Bell Tower
  • Trinity Uniting Church
  • Elizabeth Quay Bridge

Den Kings Park an den Botanical Gaarden leien ob engem Fielsvirsprong – dem Mont Eliza – wou d’Aborigines an der Zäit d’Känguruen erofgedriwwen hunn – eng effikass Juegdmethod. Haut ass et en wonnerschéint Areal mat groussen Wiesen an joerhonnert alen Beem wou d’Leit Picknicken an den Owend genéissen. .

  • Rainbow Lorikkeet
  • Flowers of the Eucalyptus tree
  • Eucalyptus tree


Gija Jumulu 


Dësen Boab ass 2008 ëmgeplanzt ginn an ass 3200 km duerch Australien transportéiert ginn.  Säin Alter gëtt ob 750 Joer geschätzt an hien kann bis zu 2000 Joer al ginn.

Mir genéissen déi super Vue an der Owessonn eier mer mam Zuch zeréck ob Freemantle fueren.

  • The Incredibles

Freemantle oder Freo ass eng Studentestad, eng Hafestad an eng beléiften Vakanzendestinatioun. Et erënnert un eng südenglesch Küstenstiedchen mat alen Viktorianeschen Villen an schéinen Plagen. Et ass och en kulturellen Zentrum vun Perth mat villen Galerien an Skulpturen an Konferenzsäll. Et huet ganz vill Charme an ass ganz lieweg.

  • Townhouse

Den Prisong vun Fremantel gehéiert zum National Heritage Patrimoine vun Australien an ass en convict-built – dat heescht en gouf vun Prisonéier gebaut déi als éischt Kolonien geschéckt goufen fir Australien ze besidelen. Et war bis 1991 en Prisong an ass haut en Musée.

Mir feieren owes am Hafen mäin Gebuertsdag bei Fish and Chips.🎂 Hei wimmelt et vun Restauranten, Terrassen an Nuetsliewen.


Well mer zu Melbourne d’Australesch Déieren jo net an der fräier Natur konnten kucken goen lounen mer den 2. Dag en Auto an fueren 1 Stonn hannert Perth an en Wildlife Sanctuary – Cavesham Wildpark.
Mir kennen jo Australien awer net hannert eis loossen ouni Wombat , Koala an Känguru getriwwelten, bewonnert an gefiddert ze hunn.

Den Wombat gehéiert zu den Beideldéier an huet seng Täsch hannen- mat speziellen Muskelen fir dat déi Kleng net eraus falen. En ass zimlech rare an praktesch nëmmen nach an Wëldparken ze gesinn.

🐨 Den Koala frësst nëmmen Eukalyptusblieder an well déi sou arm un Energie sinn schléift en 19 Stonnen den Dag. 🐨

Dësen Cutie ass gelaf komm wou seng Kollegen aus dem Gehege geholl goufen fir mat den Leit fotograféiert ze ginn. Hien huet Starallüren an wollt geheemelt an geknipst ginn.
🐨

D’Känguruen lafen fräi ronderëm an kennen geheemelt an gefiddert ginn – se verschlofen allerdéngs och den Gréisstendeel vum Dag . Dat schéinst sinn natierlech déi Kleng an der Täsch vun der Mamm. Se sinn awer Fotoschei an loossen sech net knipsen.

Fir esou en risegen Kontinent waren déi puer Deeg natierlech vill ze kuerz an bëssi traureg verloossen mer Fremantle an Richtung Singapore. Mir wären gären nach bliwwen fir dat aussergewéinlech Land mat senger Flora an Fauna- an natierlech seng Deieren méi genau kennen ze leieren.

Distanz Fremantle/Perth – Singapore: 2459 Seiméilen + 5 Séideeg

Posted in Australia, Oceanie, Worldcruise 2019
Leave a comment
admin
  • Facebook
  • Twitter

Post navigation

   WC19 – Melbourne – Australia
WC19 – Singapore   

You may also like

WC19 – Suez Canal – Egypte

Continue Reading

WC19 – Aqaba – Jordan

Continue Reading

Leave a Reply Cancel reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

Categories:

  • America (15)
  • Asia (10)
  • Europe (7)
  • Oceanie (14)
  • Worldcruise 2019 (47)

6 continents explored
34 Countries visited
59.208 Km navigated
More than 5000 taken
49 Call at ports attended